close
Op den Inhalt sprangen

Afrika

Vu Wikipedia
Afrika
BERJAYA
BERJAYA
zesummegesat Satellittebild vun Afrika (NASA)
Geographie
Geographesch Lag Nordhallefkugel, Südhallefkugel
Besteet aus Nordafrika, Zentralafrika, Westafrika, Südlecht Afrika, Ostafrika
Länner 55
Fläch 29.648.481 km²
Héchste Punkt Kibo (5.895 m)
Déifste Punkt Afar-Dräieck (-135 m)
Gréisst Waasserfläch Victoriaséi
Demographie
Awunner 1.549.862.036 (2025)
Bevëlkerungsdicht 51,12/km²
Bevëlkerungsräichst Regioun Lagos
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−1, UTC±0, UTC+1, UTC+2, UTC+3, UTC+4
Sproochen > 1000 Sproochen
BERJAYA
Regiounen an Afrika
(blo: Nordafrika, gréng: Westafrika, rosa: Zentralafrika, orange: Ostafrika, rout: Südlecht Afrika)
BERJAYA

Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vun 30,72 Millioune Quadratkilometer, wat 20,36 % vun der Landfläch vun der Äerd ausmécht. Et ass och de Kontinent mat der zweethéchster Bevëlkerung: geschaten 1,55 Milliarde Mënschen (19,36 % vun der Weltbevëlkerung) liewen an Afrika[1].

Afrika ass den eenzege Kontinent, deen an alle véier Hemisphäre läit.

Am Weste vun Afrika läit den Atlantik, am Osten den Indeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier. D'Küstelängt ass 30.490 km laang.

Déi eenzeg Landverbindung mat anerem Festland ass iwwer d'Sinai-Hallefinsel, déi tëscht Afrika an der Arabescher Hallefinsel läit an eng Verbindung mat Eurasien hierstellt.

De südlechste Punkt vun Afrika ass de Kap Agulhas op 34°50' Süd.

Déi gréisst Waasserfläch an Afrika ass de Victoriaséi (en Deel vun Tansania, Uganda a Kenia.) mat enger Fläch vun 68.100 km². De längste Floss an Afrika ass den Nil, mat enger Längt vu 6.650 km.

Déi fënnef héchst Bierger vun Afrika sinn:

Bierg Keegel Héicht [m] Staat
Kilimanjaro-Massiv Kibo (Uhuru Peak) 5.895 Tansania
Mount-Kenya-Massiv Batian 5.199 Kenia
Ruwenzori-Gebirge Margherita Peak 5.109 DR Kongo, Uganda
Héichland vun Abessinien Ras Daschän 4.533 Ethiopien
Virunga-Vulkaner Karisimbi 4.507 Ruanda, DR Kongo, Uganda

Déi eelst bekannt Spuere vum mënschleche Liewe goufen an Afrika fonnt. Et gëllt als sécher, datt sech vun hei aus als éischt den Homo erectus a méi spéit den anatomesch moderne Mënsch (Homo sapiens), an Asien an Europa verbreet hunn. Deementspriechend goufen och dat eelst stengent Geschier an Afrika entdeckt: einfacht Oldowan-Geschier aus dem Early Stone Age, déi an Europa als Alpaleolithikum bekannt ass.

Bevëlkerung a Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]

675 Milliounen Awunner maachen 19,36 % vun der ganzer Weltbevëlkerung aus[1].

Et gëtt iwwer 1000 eegestänneg Sproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.

Déi wichtegst Sproochen, no Sproochefamillen agedeelt, sinn:

Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, an deenen d'Mënscherechter oder d'Demokratie kleng geschriwwe ginn.
Zanter der Grënnung vun der Afrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung, datt dës Problemer geléist kënne ginn.

Haaptexportartikel

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kakao: ongeféier 70 % vun der Weltproduktioun
  • Diamanten: ongeféier 50 % vun der Weltproduktioun
  • Gold: ongeféier 25 % vun der Weltproduktioun
  • Pëtrol: ongeféier 10 % vun der Weltproduktioun

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Afrika ass a fënnef Regiounen opgedeelt:

Zum afrikanesche Kontinent gehéieren:

  • 54 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 1 Staat déi nëmmen deels unerkannt ass,
  • 11 Gebidder vun net-afrikanesche Staaten,
  • 2 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

D'Länner mat de meeschten Awunner sinn Nigeria, Ethiopien an Egypten iwwerdeems déi gréisst Länner (der Fläch no) Algerien, d'Demokratesch Republik Kongo an de Sudan sinn.

BERJAYA Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Staate vun der Welt.

Membere vun de Vereenten Natiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Regioun Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Amtssprooch(en)
1 Nordafrika BERJAYA Algerien Demokratesch Volleksrepublik Algerien Algier Arabesch, Kabylesch
2 Südlecht Afrika BERJAYA Angola Republik Angola Luanda Portugisesch
3 Westafrika BERJAYA Benin Republik Benin Porto Novo Franséisch
4 Südlecht Afrika BERJAYA Botswana Republik Botsuana Gaborone Englesch, Setswana
5 Westafrika BERJAYA Burkina Faso Burkina Faso Ouagadougou Franséisch
6 Zentralafrika BERJAYA Burundi Republik Burundi Gitega Englesch, Franséisch, Kirundi
7 Westafrika BERJAYA Cap Vert Republik Cap Vert Praia Portugisesch
8 Westafrika BERJAYA Côte d'Ivoire Republik Côte d'Ivoire Yamoussoukro (de jure)
Abidjan (de facto)
Franséisch
9 Ostafrika BERJAYA Dschibuti Republik Dschibuti Dschibuti Arabech, Franséisch
10 Nordafrika BERJAYA Egypten Arabesch Republik Egypten Kairo Arabesch
11 Zentralafrika BERJAYA Equatorialguinea Republik Equatorialguinea Malabo (de jure)
Ciudad de la Paz (de facto)
Portugisesch, Spuenesch, Franséisch
12 Ostafrika BERJAYA Eritrea Staat Eritrea Asmara Arabesch, Tigrinya
13 Südlecht Afrika BERJAYA Eswatini Kinnekräich Eswatini Mbabane (de jure)
Lobamba (de facto)
Englesch, Siswati
14 Ostafrika BERJAYA Ethiopien Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien Addis Abeba Amharesch
15 Zentralafrika BERJAYA Gabun Gabunesch Republik Libreville Franséisch
16 Westafrika BERJAYA Gambia Republik Gambia Banjul Englesch
17 Westafrika BERJAYA Ghana Republik Ghana Accra Englesch
18 Westafrika BERJAYA Guinea Republik Guinea Conakry Franséisch
19 Westafrika BERJAYA Guinea-Bissau Republik Guinea-Bissau Bissau Portugisesch
20 Zentralafrika BERJAYA Kamerun Republik Kamerun Yaoundé Englesch, Franséisch
21 Ostafrika BERJAYA Kenia Republik Kenia Nairobi Englesch, Swahili
22 Ostafrika BERJAYA Komoren Unioun vun de Komoren Moroni Arabesch, Franséisch, Komoresch
23 Zentralafrika BERJAYA Demokratesch Republik Kongo Demokratesch Republik Kongo Kinshasa Franséisch
24 Zentralafrika BERJAYA Republik Kongo Republik Kongo Brazzaville Franséisch
25 Südlecht Afrika BERJAYA Lesotho Kinnekräich Lesotho Maseru Englesch, Sesotho
26 Westafrika BERJAYA Liberia Republik Liberia Monrovia Englesch
27 Nordafrika BERJAYA Libyen Libyen Tripolis Arabesch
28 Ostafrika BERJAYA Madagaskar Republik Madagaskar Antananarivo Franséisch, Malagasy
29 Südlecht Afrika BERJAYA Malawi Republik Malawi Lilongwe Chichewa, Englesch
30 Westafrika BERJAYA Mali Republik Mali Bamako Franséisch
31 Nordafrika BERJAYA Marokko[2] Kinnekräich Marokko Rabat Arabesch, Marokkanescht Tamazight
32 Nordafrika BERJAYA Mauretanien Islamesch Republik Mauretanien Nouakchott Arabesch
33 Ostafrika BERJAYA Mauritius Republik Mauritius Port Louis Englesch
34 Südlecht Afrika BERJAYA Mosambik Republik Mosambik Maputo Portugisesch
35 Südlecht Afrika BERJAYA Namibien Republik Namibia Windhoek Englesch
36 Westafrika BERJAYA Niger Republik Niger Niamey Englesch, Hausa, Igbo, Yoruba
37 Westafrika BERJAYA Nigeria Bundesrepublik Nigeria Abuja Englesch, Franséisch, Kinyarwanda, Swahili
38 Ostafrika BERJAYA Ruanda Republik Ruanda Kigali Englesch
39 Südlecht Afrika BERJAYA Sambia Republik Sambia Lusaka Englesch
40 Zentralafrika BERJAYA São Tomé a Príncipe Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe São Tomé Portugisesch
41 Westafrika BERJAYA Senegal Republik Senegal Dakar Franséisch
42 Ostafrika BERJAYA Seychellen Republik Seychellen Victoria Englesch, Franséisch, Seychellenkreol
43 Westafrika BERJAYA Sierra Leone Republik Sierra Leone Freetown Englesch
44 Südlecht Afrika BERJAYA Simbabwe Republik Simbabwe Harare Chichewa, Chibarwe, Englesch, Kalanga, Khoisan, Nambya, Ndau, Nord-Ndebele, Shangani, Sotho, Shona, Chitonga, Setswana, Tshivenda, IsiXhosa
45 Ostafrika BERJAYA Somalia[3] Republik Somalia Mogadischu Arabesch, Somali
46 Südlecht Afrika BERJAYA Südafrika Republik Südafrika Bloemfontein (Judikativ)
Kapstad (Legislativ)
Pretoria (Exekutiv)
Afrikaans, Englesch, Süd-Ndebele, isiXhosa, isiZulu, Nord-Sotho, Sesotho, Setswana, Siswati, Tshivenda, Xitsonga
47 Ostafrika BERJAYA Sudan Republik Sudan Khartum Arabesch, Englesch
48 Ostafrika BERJAYA Südsudan Republik Südsudan Dschuba Englesch
49 Ostafrika BERJAYA Tansania Vereenegt Republik Tansania Dodoma (de jure)
Daressalam (de facto)
Englesch, Swahili
50 Westafrika BERJAYA Togo Republik Togo Lomé Franséisch
51 Zentralafrika BERJAYA Tschad Republik Tschad N'Djamena Arabesch, Franséisch
52 Nordafrika BERJAYA Tunesien Tuneesesch Republik Tunis Arabesch
53 Ostafrika BERJAYA Uganda Republik Uganda Kampala Englesch, Swahili
54 Zentralafrika BERJAYA Zentralafrikanesch Republik Zentralafrikanesch Republik Bangui Franséisch, Sango

Net universell unerkannt Staaten

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Regioun Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Amtssprooch(en)
1 Nordafrika BERJAYA Westsahara[4] Demokratesch Arabesch Republik Sahara Ajun (de jure)
Tifariti (de facto)
Arabesch, Spuenesch

Gebidder vun net-afrikanesche Staaten

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad
1 Alhucemas-Inselen BERJAYA Spuenien
2 Ceuta BERJAYA Spuenien
3 Chafarinas-Inselen BERJAYA Spuenien
4 Kanaresch Inselen BERJAYA Spuenien Santa Cruz de Tenerife an

Las Palmas de Gran Canaria

5 Madeira BERJAYA Portugal Funchal
6 Mayotte BERJAYA Frankräich Mamoudzou
7 Melilla BERJAYA Spuenien
8 Pelagesch Inselen BERJAYA Italien
9 Peñón de Vélez de la Gomera BERJAYA Spuenien
10 Réunion BERJAYA Frankräich Saint-Denis
11 Sokotra BERJAYA Jemen Hadibu

Ofhängeg Gebidder

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad
1 Franséisch Süd- an Antarktisgebidder BERJAYA Frankräich Saint-Pierre op La Réunion
2 Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha BERJAYA Vereenegt Kinnekräich Jamestown
BERJAYA  Commons: Afrika – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) Africa Population 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 18.07.2025.
  2. ouni Westsahara
  3. inklusiv Somaliland
  4. Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.