close
Op den Inhalt sprangen

Andy Burnham

Vu Wikipedia
Andy Burnham
BERJAYA
Gebuertsnumm Andrew Murray Burnham
Gebuer 7. Januar 1970
Aintree
Alter 56 Joer
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Fitzwilliam College,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Politiker
Partei Labour Partei
Fonctioun Secretary of State for Health and Social Care, Chief Secretary to the Treasury, Member vum Privy Council vum Vereenegte Kinnekräich, President vun der Labour Party, Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich
Famill
Bestuet mat Marie-France van Heel (2000–)
Websäit https://www.andyburnham.org.uk
BERJAYA

Den Andrew Murray ("Andy“) Burnham, gebuer de 7. Januar 1970 zu Aintree, Sefton, am Merseyside, ass e brittesche Politiker (Labour/Co-operative). Hien ass zanter dem 17. Juli 2026 President vun der Labour Party an zanter dem 20. Juli 2026 Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich.

Hie war vun 2001 bis 2017 Member vum House of Commons fir de Walkrees Leigh. Tëschent 2007 an 2010 hie verschidde Portefeuillen an der Regierung vum Premierminister Gordon Brown, an der Lescht dee vum Gesondheetsminister fir England. Dono war hie vun 2017 bis 2026 den éischten direkt gewielte Buergermeeschter vu Greater Manchester. 2026 gouf hie bei enger Nowal op en Neits Deputéierten, dës Kéier fir de Walkrees Makerfield.

Nodeems de Keir Starmer den 22. Juni 2026 säi Récktrëtt als Parteipresident a Premierminister ugekënnegt hat, huet de Burnham bei der Wal ëm seng Nofolleg kandidéiert an déi ouni Géigekandidat gewonnen. Hie gouf de 17. Juli Parteipresident an den 20. Juli 2026 zum Premierminister ernannt.

BERJAYA  Commons: Andy Burnham – Biller, Videoen oder Audiodateien