close
Op den Inhalt sprangen

Franz-Josef-Land

Vu Wikipedia
Franz-Josef-Land
BERJAYA
BERJAYA
Geographie
Land Russland
Läit an/am Arkteschen Ozean
Koordinaten 80°34'0"N, 54°47'0"O
Fläch 16.134 km²
Verwaltung
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Entdeckt 1873
Zäitzon UTC+3
BERJAYA
BERJAYA

Franz-Josef-Land (Russesch: Земля Франца-Иосифа) ass eng Inselgrupp am Nordpolarmier nërdlech vun der grousser Duebelinsel Nowaja Semlja a gehéiert zu der Oblast Archangelsk a Russland. Si gouf an den 1870er Joren nom Franz Joseph I., Keeser vun Eisträich a Kinnek vun Ungarn, genannt, wéi se vun enger éisträichesch-ungarescher Expeditioun ënner dem Julius Payer an dem Schëffsleitnant Carl Weyprecht entdeckt gouf.

De Kap Fligely op der Rudolf-Insel (Ostrow Rudolfa) ass deen nërdlechste Landpunkt vun Eurasien, bei enger nërdlecher Breet vun 81° 51′. Deen nërdlechste Punkt ass ronn 900 km vum geographeschen Nordpol ewech. Vum 10. Abrëll bis den 1. September ass et do ëmmer hell ("Polardag"). An der Summer-Solstiz steet d'Sonn an engem Wénkel vu maximal 33°. Et ass déi nërdlech Grenz vum Barent-Mier.

D'Inselgrupp huet vulkanesch Originnen. Den héchste Punkt, op 620 m, läit op der Wiener-Neustadt-Insel. Zesummen hunn déi ronn 190 Inselen eng Fläch vun 16.090 km². Ronn 85 % (Stand 2003) si permanent mat Äis bedeckt.

D'Inselen an hir Nimm

[änneren | Quelltext änneren]

Inselen no Fläch

[änneren | Quelltext änneren]
InselrussischFläche
km²
Höhe
m
Prënz-Georg-LandЗемля Георга2820,8416
Wilczek-LandЗемля Вильчека2203,3606
Graham-Bell-InselОстров Греэм-Белл1556,6509
AlexandralandЗемля Александры1095,3382
Hall-InselОстров Галля1049,4502
Salisbury-InselОстров Солсбери960,0482
McClintock-InselОстров Мак-Клинтока611,5521
Jackson-InselОстров Джексона521,4481
La-Ronciere-InselОстров Ла-Ронсьер478,3431
Hooker-InselОстров Гукера459,8576
Ziegler-InselОстров Циглера448,0554
Champ-InselОстров Чамп374,3507
Luigi-InselОстров Луиджи370,6468
Salm-InselОстров Сальм344,0343
Karl-Alexander-InselОстров Карла-Александра329,2365
Rudolf-InselОстров Рудольфа295,5461
Northbrook-InselОстров Нортбрук288,6344
Eva-Liv-InselОстров Ева-Лив288,0381
Wiener-Neustadt-InselОстров Винер-Нёйштадт237,0620
Bruce-InselОстров Брюса190,8301
Nansen-InselОстров Нансена164,1372
Payer-InselОстров Пайера160,0284
Rainer-InselОстров Райнера139,8284
Hayes-InselОстров Хейса132,2242
Greely-InselОстров Грили127,2447
Arthur-InselОстров Артура111,2275
aner Inselen 333,1 
Franz-Josef-LandЗемля Франца-Иосифа16090,0620

Do derbäi kommen nach eng Rëtsch Insele mat manner wéi 100 Quadratkilometer, wéi d'Alger-Insel (Алджер), d'Becker-Insel (Остров Беккера), d'Bell-Insel (Белл), d'Hochstetter-Inselen (Острова Хохштеттера), d'Hoffmann-Insel (Остров Гофмана), d'Hohenlohe-Insel (Гогенлоэ), d'Kane-Insel (Остров Кейна), d'Koldewey-Insel (Остров Кольдевея), d'Kuhn-Insel (Остров Куна), d'Lütke-Insel (Остров Литке), d'Mabel-Insel (Мейбел), d'Perlmutt-Insel (Перламутровый) an d'Wilczek-Insel (Остров Вильчека).

Flora a Fauna

[änneren | Quelltext änneren]

Sou no beim Nordpol ass d'Vegetatioun ganz rar. Just 10 % vun de Flächen, wou keen Äis ass, si bewuess. Et gëtt virun allem Flechten, mat enger ronn 100 Aarten, e puer Grasaarten an nach e puer aner Bléieplanzen. Och Mooser sinn do ze fannen.

Um Franz-Josef-Land goufen 41 Vullenaarten observéiert, wouvun der 14 och do bréien. Vu Land-Mamendéieren sinn do just den Äisbier an de Polarfuuss heemesch. Soss gëtt et nach Mieres-Mamendéierenaarten wéi d'Suedelrobb, d'Réngelrobb an d'Baartrobb. Och d'Walross ass relativ heefeg. Am Mier ronderëm si kleng Poulatioune vum Grönlandwal, dem Blowal, dem Finnwal an dem Narwal. 33 Fëschaarte sinn och do bekannt.

  • Julius Payer: Die österreichisch-ungarische Nordpol-Expedition in den Jahren 1872–1874, nebst einer Skizze der zweiten deutschen Nordpol-Expedition 1869–1870 und der Polar-Expedition von 1871. Hölder, Wien 1876.
  • H. Straub: Die Entdeckung des Franz-Joseph-Landes. Styria, Graz 1990, ISBN 3-222-11943-0.
  • Winfried Weyer, Peter von Sassen: Vergessene Inseln im Eis. Eine Expedition ins Kaiser-Franz-Joseph-Land. Berlin 2006, ISBN 3-89479-302-3.
  • Christoph Höbenreich: Expedition Franz Josef Land. In der Spur der Entdecker nach Norden. Frederking-Thaler, München 2007, ISBN 3-89405-499-9 .
BERJAYA  Commons: Franz-Josef-Land – Biller, Videoen oder Audiodateien