close
Op den Inhalt sprangen

Arkteschen Ozean

Vu Wikipedia
BERJAYA Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
BERJAYA
D'Artik op der Weltkugel
BERJAYA

Den Arkteschen Ozean (kuerz: Artik) ass mat 14,09 Millioune km² dat klengst Weltmier.

Mat enger duerchschnëttlecher Waasserdéift vun 987 m zielt en zou de flaache Mierer, seng gréisst Déift ass 5669 m. Heiansdo gëtt en och als Niewemier vum Atlanteschen Ozean gesinn. Den Arkteschen Ozean läit an der Arktis an ass dat ganzt Joer iwwer mat Äis bedeckt, woubäi d'Ausdeenung vum Äis, wéinst dem Klimawandel, all Joer ofhëlt. Der NASA no, hëlt d'Äisbedeckung all Joer ëm 12,6 Prozent of.[1]

D'Artik gëtt ongeféier dräi bis fënnef Méint am Joer vun der Schëfffaart benotzt, déi Russland an der Nordpassage an d'USA a Kanada an der Nordwestpassage bedreiwen.

Vu wou den Numm hierkënnt

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm geet op déi griichesch Mythologie zeréck: Arktis kënnt vum griichesche Wuert Arktos = Bier hier. Den Numm leet sech net vum ikoneschen Äisbier of, mä vu Stärebiller um nërdlechen Himmel vun der Arktis: dem Grousse Bier an dem Klenge Bier.

Den arkteschen Ozean huet en héije Séisswaassergehalt, besonnesch op der Uewerfläch. Dat läit dorun, well 11 Prozent vum weltwäite Kontinentaloffloss an d'Arktis geet.[2]

BERJAYA  Commons: Arkteschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) NASA Global Climate Change, Arctic Sea Ice Minimum | NASA Global Climate Change. Climate Change: Vital Signs of the Planet. Gekuckt den 28.07.2025.
  2. (de) Bundesministerium für Bildung und Forschung, Wieso der arktische Ozean so süß und eisig ist und was das mit dem Klima zu tun hat. www.wissenschaftsjahr.de. Gekuckt den 28.07.2025.