Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.277 Artikelen an 132 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
- … de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
- … d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
- … Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
Artikel vun der Woch

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.
Virun 1860 hat d'Chamber keng gereegelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweeder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt. An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.
De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer... > méi

Op engem 17. Mee

- 1749: Gebuert vum engleschen Dokter an Immunolog Edward Jenner.
- 1795: De lëtzebuergesche Schmelzhär an Industriellen Guillaume Pescatore, gëtt gebuer.
- 1866: De franséische Komponist a Pianist Erik Satie kënnt op d'Welt.
- 1886: Gebuert vun der lëtzebuergescher Politikerin Marguerite Thomas-Clement.
- 1904: De franséische Filmschauspiller Jean Gabin gëtt gebuer.
- 1911: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Maureen O'Sullivan kënnt op d'Welt.
- 1979: D'Chamber stëmmt fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof zu Lëtzebuerg.
- 2006: Doud vum lëtzebuergeschen Theaterregisseur a Schauspiller Eugène Heinen.
Kierzlech Verstuerwen
- 15. Mee: Angelica Domröse, däitsch Schauspillerin.
- 14. Mee: Sophie Garel, franséisch Sängerin a Fernseemoderatorin.
- ≤ 14. Mee: Pierre Cao, lëtzebuergesche Museker an Dirgigent.
- 12. Mee: Romuald Figuier, franséische Sänger.
- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

