Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.784 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Lëtzebuerger Nationalfeierdag 1840 zweemol gefeiert gouf?
- … d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
- … 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
- … vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
Artikel vun der Woch

De Peter van Eyck, gebuer de 16. Juli 1913 zu Steinwehr a Pommern (Polen) als Peter Götz von Eick, a gestuerwen de 15. Juli 1969 zu Männedorf bei Zürich an der Schwäiz, war en däitsch-amerikanesche Museker a Schauspiller.
De Peter van Eyck huet an iwwer 90 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Hie war a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Billy Wilder, Douglas Sirk, Helmut Käutner, Henri-Georges Clouzot, Fritz Lang an Orson Welles ze gesinn.
Hie kënnt aus enger adleger Famill aus Pommern (haut Polen). No senger Première an engem ofgebrachene Museksstudium ass hien an eng ganz Rëtsch Länner gereest, dorënner 1937 a Kuba, an ass dunn zu New York bliwwen, wou en am Ufank als Barpianist geschafft huet. Ausserdeem huet hie fir Revuë komponéiert a geschriwwen. Eng Zäitchen huet hien als dem Irving Berlin säi Produktionsassistent geschafft, a fir den Orson Welles als Regieassistent. En Job als Camionschauffeur huet hie bis op Hollywood bruecht, wou en de Billy Wilder erëmbegéint huet, deen e scho vu Berlin hier kannt hat. Deen huet him e puer kleng Rollen a Filmer organiséiert, dacks Figuren, déi Däitscher waren, och alt Nazien... > méi

Op engem 16. August

- 1419: Doud vum Wenzel II. vu Lëtzebuerg ("de Lidderegen"), réimesch-däitsche Kinnek, als Wenzel IV. Kinnek vu Béimen, Kurfürst vu Brandenburg.
- 1845: Gebuert zu Bouneweg vum franséische Physiker, Erfinder an Nobelpräisdréier Gabriel Lippmann.
- 1884: De lëtzebuergesch/US-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller Hugo Gernsback kënnt op d'Welt.
- 1904: Den US-amerikanesche Biocheemiker, Virolog an Nobelpräisdréier Wendell Meredith Stanley gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum US-amerikaneschen Dichter a Schrëftsteller Charles Bukowski.
- 1958: Déi US-amerikanesch Pop-Sängerin a Schauspillerin Madonna kënnt op d'Welt.
- 1960: Zypern gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1977: Den US-amerikanesche Rock'n'Roll-Sänger Elvis Presley stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 8. August: Venant Arend, lëtzebuergesche Sänger.
- 1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
E Bléck op…

("De Jang de Blannen [gebuer den 10. August viru 730 Joer] an der Schluecht vu Crécy");
Tableau vun 1858 vum Viktor Barvitius (1834-1902).
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
