close
Op den Inhalt sprangen

Spelz

Vu Wikipedia
Spelz
BERJAYA
Triticum spelta
An anere Sproochen fr: épeautre
de: Dinkel
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Gattung Weess
Wëssenschaftlechen Numm
Triticum spelta
L.
BERJAYA

Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtaart, déi als Virleefer vum haitege Weess gëllt.

Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf.

Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absënns op Efforten an d'Richtung vum ekologeschen Akerbau zeréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.

De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz gëtt an der Vollwäertkichen erëm vill gebraucht an e kann als Zousaz fir Kniddelen, Zoppen a Gratin benotzt ginn.

D'Brauerei Simon vu Wolz braut zanter e puer Joer[Wéini?] e Béier mam Numm Simon Dinkel bei deem een Drëttel vun der Maisch aus net vermalztem Spelz besteet.[1]

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Spelz ass net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegenschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdréiglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen an nëssege Goût.

Inhaltsstoffer

[änneren | Quelltext änneren]

Spelz enthält vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.

Gesondheetswäert

[änneren | Quelltext änneren]

Spelz ass net glutenfräi, dofir solle Leit, déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.

Iwwersiicht vun der Produktioun zu Lëtzebuerg (an Tonnen)
2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023 2024 2025
Kären Total 139.272 149.289 154.236 160.022 143.500 147.688 166.940 146.635 141.113 177.617
Spelz 1.929 3.222 3.081 3.788 4.218 7.308 7.635 4.865 2.233 4.140

Quell: Quantités produites des principales productions de grande culture et fourragères (en tonnes), STATEC

BERJAYA  Commons: Spelz – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Triviales: de Batteur vun der Rock-Grupp Mild'N vun Zürich heescht Simon Dinkel.