Stroossen
| Stroossen | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Strassen de: Strassen |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
| Gemeng | Kanton Lëtzebuerg |
| Buergermeeschter | Nico Pundel (CSV) |
| Awunner | 10.831 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 1.071 ha |
| Héicht | 265 m |
| Koordinaten |
49° 37’ 9’’ N 6° 4’ 19’’ O |
| LAU-Code | LU0309 |
| Websäit | http://www.strassen.lu/ |
![]() | |
|
| |
D'Gemeng Stroossen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stroossen, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Stroossen läit westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, leien am Südweste Bartreng, am Weste Mamer, an am Norden Kielen a Koplescht.
Duerch d'Gemeng lafen d'Autobunn A6 gradewéi d'Nationalstrooss N6, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbannen. D'N6, och Areler Strooss genannt, gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Stroossen ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng; zur Gemeng gehéiert awer nach en Deel vum Reckendall.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1804 huet Stroossen zesumme mat de puer Haiser aus dem Reckendall eng Par gebilt. Am Joer 1823 huet d'Gemeng Stroossen mat der Gemeng Bartreng fusionéiert.
Mam Gesetz vum 6. August 1849 ass d'Sektioun Stroossen an den Deel vun der Sektioun Reckendall deen um "ban de Strassen" louch, nees vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt ginn, fir op den 1. Januar 1850 déi nei Gemeng Stroossen ze bilden[3].
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert "strata", wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dëse Kiem vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: de gueules à cinq pals d'or |
Populatioun
[änneren | Quelltext änneren]Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnt Haiser an 309 Famillen.
D'Gemeng hat um 1. Januar 2020 9.885 Awunner, wouvun der 6.135 (62,06%) Net-Lëtzebuerger sinn.
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Stroossen gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot, deen aus de Gemengewale vun 2011 ervirgoung, huet sech op eng Dräierkoalitioun vun CSV, déi gréng an LSAP gestäipt. No de Wale vun 2017 ass et just nach eng CSV-LSAP-Koalitioun.[5]
Bis Enn 2020 war den LSAP-Politiker Gaston Greiveldinger Buergermeeschter. De 5. Februar 2021 gouf den CSV-Politiker Nico Pundel als neie Buergermeeschter vereedegt.[6][7].
Well op den 30. September 2022 méi ewéi 10.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun zwéin op dräi eropgesat ginn[8].
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | Lénk |
|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 3 | 5 | 2 | 1 | - |
| 2005 | 3 | 4 | 2 | 2 | - |
| 2011 | 3 | 5 | 2 | 3 | - |
| 2017 | 3 | 4 | 2 | 4 | 0 |
| 2023 | 5 | 5 | 2 | 3 | - |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1850 – 1860: Jean-Pierre Kemp
- 1861 – 1866: Pierre Witry
- 1867 – 1872: Mathias Goergen
- 1873 – 1875: Mathias Saur
- 1876 – 1908: Jean Feyder
- 1909 – 1917: François Groff
- 1918 – 1928: Jean-Pierre Feyder
- 1929 – 1931: Michel Weyrich
- 1932 – 1939: Jean-Pierre Feyder
- 1940 – 1940: Alphonse Balthasar (ff)
- 1941 – 1942: Michel Weyrich
- 1944 – 1945: Alphonse Balthasar (ff)
- 1946 – 1963: Paul Barblé
- 1964 – 1975: Jean Wirtz
- 1976 – 1993: Fernand Derneden
- 1994 – 2007: Gaby Leytem-Wantz
- 2007 – 2007: Juliane Gallion
- 2007 – 2020: Gaston Greiveldinger (LSAP)
- zanter dem 5. Februar 2021: Nico Pundel (CSV)
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Stroossen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Zwou Skulpture vum Lucien Wercollier:
- Les sacrifiés, bei der Kierch, zur Erënnerung un d'Affer vum Generalstreik vun 1942.
- Ascension, beim Gemengenhaus
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bernard Thomas: " 'Conurbation diffuse'. Boom économique et crise du sens dans la ceinture dorée - Étude de cas de Strassen." in: d'Lëtzebuerger Land Nr. 38, 20. September 2019, S.10.
- Kandel, Edouard: Publikationen der Gemeinde Strassen - In: 150 Joer Gemeng Stroossen: 1850 - 2000. - Strassen: Administration communale, 2001. - P. 453-465
- Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen, Mémorial N°78 vum 18. August 1849 S.791-S.792
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Stroossen
- D'Gemeng Stroossen op der Websäit vum Syvicol
- Kiewerlecken: Scouten a Guide vu Stroossen FNEL
- Websäit vun der Stroossener Fanfare
- Volleyball Club Stroossen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
- ↑ (fr) Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen. legilux.public.lu (18.08.1849). Gekuckt den 19.07.2020.
- ↑ https://www.strassen.lu/citoyens-residents/historique
- ↑ "Greiveldinger ass Buergermeeschter, CSV iwwerhëlt no 3 Joer." rtl.lu, Leschten Update: 11.10.2017, 15:57:23.
- ↑ (de) Nico Pundel: "Strassen wird eine internationale Gemeinde bleiben". Wort.lu (06.01.2021) Archivéiert de 27.01.2021. Gekuckt den 08.02.2021.
- ↑ (fr) Assermentation du bourgmestre et des échevins de la commune de Strassen et du bourgmestre et d'un échevin de la commune de Vichten. mint.gouvernement.lu (02.05.2021). Gekuckt den 08.02.2021.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 21 juin 2023 portant fixation du nombre des échevins de la commune de Strassen à trois. data.legilux.public.lu (21.06.2023). Gekuckt den 28.06.2023.


