close
Op den Inhalt sprangen

Ellen Johnson Sirleaf

Vu Wikipedia
Ellen Johnson Sirleaf
BERJAYA
Gebuer 29. Oktober 1938
Monrovia
Alter 87 Joer
Nationalitéit Liberia
Educatioun University of Colorado Boulder,
Harvard Universitéit,
John F. Kennedy School of Government,
Universitéit vu Wisconsin-Madison,
University of Colorado
Aktivitéit Politikerin, Ekonomistin, Entreprenesch, Schrëftstellerin
Fonctioun Presidentin vu Liberia
Member vun Alpha Kappa Alpha, The Elders
Auszeechnungen Friddensnobelpräis, Presidential Medal of Freedom, Freedom Award, 100 Women, Malteeseruerden, Grand-croix de la Légion d'honneur, Éierendokter, Éierendokter, Éierendokter
BERJAYA

D'Ellen Johnson Sirleaf, gebuer den 29. Oktober 1938 zu Monrovia, ass eng liberianesch Ekonomistin a Politikerin. Si war vum 16. Januar 2006 bis de 22. Januar 2018 déi 24. Presidentin vum Liberia an déi éischt Fra, déi duerch Wale Staatscheffin vun engem afrikanesche Land gouf. 2011 krut si de Friddensnobelpräis fir hire gewaltfräie Kampf fir d'Sécherheet vu Fraen a Fraerechter (zesumme mat der Leymah Gbowee an der Tawakkul Karman).[1]

Si huet an den USA op der University of Wisconsin–Madison, der University of Colorado at Boulder an der Harvard University Ekonomie an Ëffentlech Verwaltung studéiert.

Vun 1972 bis 1973 war si Finanzministesch an an den 1980er an uganks 1990er Joren am Exil Bankmanagerin. Vun 1992 bis 1997 war si Direktesch vum Entwécklungsprogramm vun de Vereenten Natioune fir Afrika, huet fir d'Weltbank an aner Institutioune geschafft an eng Rëtsch Bicher iwwer afrikanesch Wirtschaftspolitik geschriwwen.

Am Oktober 2003 ass si an de Liberia hannescht gaangen. Bei der Presidentschaftswal 2005 war si d'Kandidatin vun der Unity Party, där hir Presidentin si och war, an se huet dës am Zweeten Tour mat 57,9 % vun de Stëmme gewonnen. Am November 2011 gouf si mat 90,2 % vun de Stëmmen erëmgewielt.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • The Outlook for Commercial Bank Lending to Sub-Saharan Africa (1992)
  • From Disaster to Development (1991)
  • This Child Will Be Great. Memoir of a Remarkable Life by Africa's First Woman President (2009)
  • Helene Cooper: Madame President: The Extraordinary Journey of Ellen Johnson Sirleaf. New York: Simon and Schuster, 2017. ISBN 978-1-4516-9735-3
BERJAYA  Commons: Ellen Johnson-Sirleaf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. The Nobel Peace Prize 2011: Ellen Johnson Sirleaf, Leymah Gbowee, Tawakkul Karman. nobelprize.org, 7. Oktober 2011.