close
Op den Inhalt sprangen

Island

Vu Wikipedia
BERJAYA Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lýðveldið Ísland
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
keng
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Islännesch
Haaptstad Reykjavík
Awunner vun der Haaptstad 117 898 (3. Abrëll 2008)
Koordinate vun der Haaptstad 64°08'N, 21°56'W
Staatsform parlamentaresch Republik
Staatsleedung
Presidentin Halla Tómasdóttir
Premierminister Kristrún Frostadóttir
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 103 000 km²
(104. Plaz)
Waasserfläch 2,7 % %
Bevëlkerung 313 376 (1. Januar 2008)
(169. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 2,9 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Nationalfeierdag 17. Juni
Nationalhymn Ó Guð Vors Lands Lauschtert
Praktesch Informatiounen
Wärung Islännesch Kroun (ISK)
Zäitzon UTC +0
Internet-TLD .is
Internationalen Telefonsprefix +354
BERJAYA

Island ass en Inselstaat am Norde vum europäesche Kontinent, an no England deen zweetgréissten Inselstaat vun Europa.

Island läit am Nordatlantik a bësse südlech vum nërdleche Polarkrees.

BERJAYA 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
BERJAYA 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Island gouf den 1. Januar 1918 souverän, blouf awer a Personalunioun mat der dänescher Kroun. De 17. Juni 1944 huet et déi Unioun gekënnegt an d'Republik ausgeruff. Am Parlament, dem Althing, sinn 63 Deputéiert. All véier Joer gëtt gewielt.

Island hat besonnesch staark ënner der Finanzkris 2007/2008 ze leiden. An deem Zesummenhank war och d'Demande ze gesinn, der Europäescher Unioun bäizetrieden, déi de 16. Juli 2009 vum Althing guttgeheescht gouf. Am Mee 2013 huet déi nei konservativ-liberal Regierung ënner dem Premier Sigmundur Gunnlaugsson ugekënnegt, d'Bäitrëttsverhandlungen ze stoppen an e Referendum z'organiséieren, ob d'Bevëlkerung fir e Bäitrëtt wier. Den 12. Mäerz 2015 huet d'Parlament decidéiert, d'Demande op EU-Memberschaft zeréckzezéien. E Referendum gouf et bis ewell nach keen.

Nodeems bei de virgezunnene Parlamentswalen vum 30. November 2024 déi sozialdemokratesch Partei gewonnen hat, gouf de Bäitrëtt an d'EU erëm méi e grousst Theema. Déi nei Regierung wëll dofir bis 2027 e Referendum ofhalen, ob Island der EU bäitriede sollt.[1]

Den 3. Abrëll 2008, hunn dem Statistesche Büro vun Island no[2] 313.376 Leit op der Insel gelieft. Dovu waren der 291.942 Islänner.

Am Géigesaz zu villen anere westleche Staaten ass d'Bevëlkerungszuel an Island, wéi och zu Lëtzebuerg, an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, an an de leschte 5 Joer ass déi souguer nach méi séier eropgaangen. Den Trend gëtt ënnerstëtzt well den Auslännerundeel duerchschnëttlech ëm zirka 1,5 % all Joer tëscht 1950 an 1990, an ëm 3,5 % am Joer 2003 an d'Luucht goung.

2008 ware 6,83 Prozent vun der islännescher Bevëlkerung Auslänner. Et sinn dat ënner anerem 2,7 % Polen, 0,3 % Dänen, 0,2 % Philippinoen a 0,3 % Däitscher.

Eng 93 % vun der Bevëlkerung liewen a Stied[2]. Déi gréisst sinn:

D'Awunnerzuel bezitt sech jeeweils op den 3. Abrëll 2008 an déi ganz Gemeng (Municipality)

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
BERJAYA  Commons: Island – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) Islands neue Regierung will ein Referendum über eine EU-Mitgliedschaft. euronews (22.12.2024). Gekuckt de 16.03.2025.
  2. 1 2 www.statice.is