Republik Zaire
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem fréiere Land Zaire. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Zaire. |
| Republik Zaire Jamhuri ya Zaïre | |||||
| |||||
| National Devise: Justice, Paix, Travail | |||||
| Offiziell Sprooch: | Franséisch, do dernieft als Nationalsproochen och Kituba, Lingala, Swahili an Tschiluba | ||||
| Haaptstad: | Kinshasa | ||||
| Staatsform: | Republik; Autokratie | ||||
| • President: | Mobutu Sese Seko | ||||
| Fläch: | 2.345.410 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 46.498.539 (1996) | ||||
| Nationalhymn: | La Zaïroise | ||||
| Wärung: | Zaïre | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 UTC +2 | ||||
| Internet TLD: | .zr (gouf 2001 geläscht) | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+243 | ||||
| bestoung vum 27. Oktober 1971 bis de 16. Mai 1997 | |||||
Republik Zaire ((fr): République du Zaïre), oder Zaire, war vum 27. Oktober 1971 bis de 16. Mee 1997 den Numm vun der haiteger Demokratescher Republik Kongo an Zentralafrika.
1960 ass déi fréier Kolonie „Belsche Kongo“ onofhängeg vun der Belsch ginn an huet sech Republik Kongo genannt. Am Westen hat d'Land eng Grenz mat der fréierer franséischer Kolonie, déi sech och Republik Kongo genannt huet. Fir déi zwéin Nopeschstaaten auserneen ze halen, gouf 1964 den Zousaz "demokratesch" un den Numm vum fréiere Belsche Kongo bäigefüügt.
Vun 1971 bis 1997 huet d'Land Republik Zaire geheescht. Déi Period war gepräägt vun der absolutter Muecht vum Mobutu Sese Seko, deen no sengem Putsch am Joer 1965 mam Mouvement populaire de la révolution (MPR) en Eeparteiesystem agefouert huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Republik Zaire – Biller, Videoen oder Audiodateien |

