close
Op den Inhalt sprangen

Willy Thinnes

Vu Wikipedia
Willy Thinnes
Gebuer 9. Dezember 1896
Ëlwen
Gestuerwen 26. September 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
BERJAYA

De Guillaume ("Willy") Thinnes jr., gebuer den 9. Dezember 1896 zu Ëlwen[1], a gestuerwen de 26. September 1974 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Dokter.[3]

Hie war de Jong vum Dr. Guillaume Thinnes (1862-1944)[3], an huet no senger Première zu Berlin, Bonn a München Medezin studéiert. Dono huet hien 1923[3] zu Miersch seng Praxis opgemaach, déi e ronn 50 Joer laang gefouert huet.[1]

Hien huet och historesch Artikelen iwwer Miersch an d'Ëmgéigend publizéiert, a war Grënnungsmember vu Les amis du vieux Mersch.[1]

Den Dr. Thinnes ass Enn September 1974 un engem Hiereschlag gestuerwen. Fir un hien z'erënneren, gouf zu Miersch eng Strooss no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Dr. Willy Thinnes aus Mersch zum Gedenken. In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 294 (24.12.1974), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  2. Avis de décès 9 Page 12. In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 221 (28.09.1974), p. 12 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg.
  3. 1 2 3 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1561 (G. Thinnes jr.); S. 1560-1561 (G. Thinnes sen.).
  4. L-7569; Lag op geoportail.lu.