close
Op den Inhalt sprangen

Wikimedia

Vu Wikipedia
Wikimedia
BERJAYA
Rechtsform 501(c)(3) organization
Ofkierzung WMF, Wikimedia, Фонд Викимедиа, ФВМ
Grënnungsdatum 20. Juni 2003
Sëtz San Francisco
President Lorenzo Losa
Websäit https://wikimediafoundation.org/
BERJAYA

D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ë. a. ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng „501(c)(3) organization“, eng Associatioun ouni Gewënnzweck no US-amerikaneschem Recht, déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

Ziler vun der Fondatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstem vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéieren ë. a. och nach en Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.

D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September.

Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domän Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.

D'Wikimedia Foundation gëtt haaptsächlech duerch Done finanzéiert, woubäi et sech gréisstendeels ëm kleng, individuell Spende vu Privatpersounen handelt. Wikimedia kritt awer och Ënnerstëtzung a Form vu finanziellen a materielle Spende vun anere Stëftungen a Firmaen.

Verwaltungsrot

[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'administration nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representantë vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.

Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.

Presidente vum Verwaltungsrot

[änneren | Quelltext änneren]
Vu(n) Bis President·in
Juni 2003 Oktober 2006 Jimmy Wales
Oktober 2006 Juli 2008 Florence Nibart-Devouard
Juli 2008 Juli 2010 Michael Snow
Juli 2010 Juli 2012 Ting Chen
Juli 2012 August 2013 Kat Walsh
August 2013 Juli 2015 Jan-Bart de Vreede
Juli 2015 Juni 2016 Patricio Lorente
Juni 2016 Juli 2018 Christophe Henner
Juli 2018 Juni 2021 María Sefidari
zënter Juni 2021 Nataliia Tymkiv

Wikimedia Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 2016 d'ASBL Wikimedia Lëtzebuerg.

BERJAYA Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wikimedia Lëtzebuerg.

BERJAYA  Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien
BERJAYA  Commons: Wikimedia-Treffen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]