Henri Sinner
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Henri Sinner | |
|---|---|
| Gebuer |
17. Oktober 1911 Biissen |
| Gestuerwen |
22. Oktober 1993 Miersch |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Dokter |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Famill | |
| Papp | Nicolas Sinner |
|
| |
Den Henri Sinner, gebuer de 17. Oktober 1911 zu Biissen, a gestuerwen den 22. Oktober 1993 zu Miersch[1], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (CSV).
Hien huet 1939 zu Miersch seng Dokteschpraxis opgemaach.[2]
Politesch huet hie sech an der CSV engagéiert. Bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 gouf hien direkt an d'Chamber gewielt, a bei deene vum 7. Juni 1964 ass hie fir de Pierre Grégoire nogeréckelt, dee Minister gouf.
Als Deputéierten hat hien e Feeler am Text vun engem internationalen Ofkommes vum Europarot iwwer den Austausch vun de Reaktive fir d'Bestëmmung vu Blutgruppen entdeckt, wéi dat vun der Chamber ugeholl sollt ginn, an an deem d'Bluttgruppen A a B duerch en Tippfeeler vertosch gi waren.[3]
Hie war de Jong vum Biissener Buergermeeschter Nicolas Sinner.[2]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Biereng eng Strooss no him genannt.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Henri Sinner op www.luxracines.lu
- 1 2 Ehrung des neuen Deputierten Dr. Henri Sinner. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 66/67 (07.03.1959), p. 16 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Ein fataler Tippfehler: Der Luxemburger Abgeordnete Dr. Henri Sinner entdeckte einen Fehler in einem internationalen Abkommen. In: d'Letzeburger Land, 13. Jg., nº 28 (15.07.1966), p. 5 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
- ↑ L-7594 (Rue Dr Henri Sinner); Lag op geoportail.lu.

