close
Op den Inhalt sprangen

Harry Edwin Wood

Vu Wikipedia
Harry Edwin Wood
Gebuer 3. Februar 1881
Manchester
Gestuerwen 27. Februar 1946
Nationalitéit Südafrika
Educatioun Universitéit vu Manchester
Aktivitéit Astronom, Saachbuchauteur
BERJAYA

Harry Edwin Wood, gebuer den 3. Februar 1881 zu Manchester, England, a gestuerwen de 27. Februar 1946, war en südafrikaneschen Astronom.

Am Joer 1906 gouf hien zum Chefassistent vum Transvaal Meteorological Observatory ernannt, dat kuerz duerno ugefaangen hat, Teleskope ze kafen an als Union Observatoire bekannt gouf. Hei war hien Direkter vun 1928 bis 1941 a gouf Nofollger vum Robert Innes. De Wood war bestuet, awer hat keng Kanner.

Vun 1929 bis 1930 war hie President vun der Astronomical Society of South Africa. De Wood hat en ettlech Asteroiden entdeckt an zu sengen Éiere gouf den Asteroid (1660) Wood no him genannt.

Entdeckt Asteroiden

[änneren | Quelltext änneren]
(715) Transvaalia22. Abrëll 1911
(758) Mancunia18. Mee 1912
(790) Pretoria16. Januar 1912
(982) Franklina21. Mee 1922
(1032) Pafuri30. Mee 1924
(1096) Reunerta21. Juli 1928
(1241) Dysona4. Mäerz 1932
(1305) Pongola19. Juli 1928
(1595) Tanga19. Juni 1930
(1663) van den Bos4. August 1926
(2193) Jackson18. Mee 1926
(3300) McGlasson10. Juli 1928