Fred Coullen
| Fred Coullen | |
|---|---|
| Gebuer |
1. November 1936 Keel |
| Gestuerwen |
29. Oktober 1997 Seychellen |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Lokalpolitiker |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Buergermeeschter |
|
| |
De Fred Coullen, gebuer den 1. November 1936 zu Keel, a gestuerwen den 29. Oktober 1997 op de Seychellen, war e lëtzebuergesche Schmelzaarbechter a Lokalpolitiker (CSV).[1]
Hie war wärend sengem Beruffsliewe Schmelzaarbechter am Kranbetrieb vun Arbed Schëffleng, wou en och laang am Betribscomité war.
De Fred Coullen gouf 1976 eng éischt Kéier fir d'CSV an de Keeler Gemengerot gewielt. Bei de Walen am Oktober 1993 krut hien déi meescht Stëmmen op der Lëscht vu senger Partei, a gouf den 1. Januar 1994 neie Buergermeeschter vun der Gemeng.
Hien hat och bei de Chamberwalen 1989 an 1994 kandidéiert, gouf awer net gewielt.
Hien ass an der Vakanz op de Seychelle gestuerwen.
Fir un hien z'erënneren, gouf 2005 zu Keel eng Plaz no him genannt (Place Fred Coullen).[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Kayler Bürgermeister starb mit 60 Jahren: Fred Coullen ist tot. In: Tageblatt, nº 250 (30.10.1997), p. Seite 36 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Im Gedenken an den früheren Bürgermeister 'Place Fred Coullen' offiziell eingeweiht. In: Tageblatt, nº 142 (21.06.2005), p. Seite 26 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].

