close
Op den Inhalt sprangen

Elvire Engel

Vu Wikipedia
Elvire Engel
Gebuer 17. Februar 1949
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. August 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École privée Notre-Dame Sainte-Sophie,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Gynekologin
BERJAYA

D'Elvire Engel, gebuer de 17. Februar 1949 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 19. August 2004[1], war eng lëtzebuergesch Fraendoktesch.[2]

Si huet no hirer Première an der École privée Notre-Dame Sainte-Sophie, op der Uni zu Stroossbuerg Medezin studéiert. Nom Ofschloss vun hirer Spezialisatioun fir Gynekologin krut si 1979 d'Approbatioun, fir zu Lëtzebuerg als sollech kënnen ze praktikéieren.

Si huet matgehollef, an der Wëlzer Klinick eng Gebuertsstatioun anzeriichten.

Si huet sech och am Burkina Faso agesat, fir datt sozial benodeelegt Fraen a Kanner sollen Zougank zu Gesondheetsservicer an zu enger gudder Ausbildung kréien. Dofir huet si eng Stëftung op d'Bee gesat, d'Fondation Dr. Elvire Engel, déi och no hirem Doud weider aktiv ass.

Fir un d'Elvire Engel z'erënneren, goufen zu Grass[3] an zu Nouspelt[4], allkéiers eng Strooss no hir genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Accueil op fondationdrengel.lu.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Rue docteur Elvire Engel op rues-au-feminin.lu, nogekuckt: 09.03.2026.
  3. Lokalisatioun vun der Strooss zu Grass (L-8346)
  4. Lokalisatioun vun der Strooss zu Nouspelt (L-8390)