close
Op den Inhalt sprangen

Bigband

Vu Wikipedia
BERJAYA
Déi Déifferdenger Bigband den 29. September 2024 am Sang & Klang Pafendall, organiséiert vu Swing Dance Luxembourg

Eng Bigband ass e grousse Museksensembel, dee Wierker aus dem Jazzrepertoire interpretéiert, virum allem am Museksstil Swing, dee vun 1930 bis 1945 seng Glanzzäit hat.

Den Numm Bigband staamt vum Engleschen "big band", wat "grousse Museksensembel" bedeit.

Eng Bigband besteet fir gewéinlech aus véier Sektiounen:

  1. 4-5 Saxofonen
  2. 4 Zuchposaunen
  3. 4-5 Trompetten
  4. D'Rythmussektioun, déi gewéinlech aus Piano, Kontrabass a Schlogezei besteet, woubäi dacks och eng Jazzgittar derbäi ass.

Bigbanden zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bigband zu Lëtzebuerg gouf 1950 vum Jempi Faust (1929-1995[1]) gegrënnt. Si huet vun 1950 bis 1951 existéiert.[2] Zu Lëtzebuerg gëtt et 14 Bigbanden (Stand 2026).

BigbandGegrënnt
Déifferdenger Big Band1964
Dixie-Sound[3]1976
Spectrum1980
Bigband vun der Lëtzebuerger Militärmusek1978
Opus 781978
Jazz-Bigband vum Stater Conservatoire1987
Spuerkeess-Bankers in Concert1988
Big Band Memory1990
Music-Band SPGL1990
Luxembourg Jazz Orchestra1993
LGL Big Band[4]2003
Orchestre national de jazz du Luxembourg2005
The Northern Big Band2009
Luxembourg Little Big Band2011
Märeler Big Band2014
Gilles Grethen Big Band2023

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Hausemer 2006: 114 an der Bibliographie.
  2. Cf. Spautz 1983: 294 an der Bibliographie.
  3. Aus dëser Bigband ass dunn 1980 d'Bigband Spektrum entstanen.
  4. Et ass net kloer, ob des Bigband nach existéiert.