Barbe Stiefer-Philippe
Ausgesinn
| Barbe Stiefer-Philippe | |
|---|---|
| Gebuer | 1912 |
| Gestuerwen | 2004 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzlerin |
| Auszeechnungen | Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
|
| |
D'Barbe ("Beby") Stiefer-Philippe, gebuer 1912, a gestuerwen 2004, war eng lëtzebuergesch Resistenzlerin.[1]
D'Beby Philippe hat 9 Gesëschter; 1931 huet si sech mam Antoine Stiefer bestuet.
An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war si, zesumme mat hirem Mann, an der Resistenz engagéiert. Hiert Haus, dat no bei der Minière Hondsbësch louch, wou Refraktären dra verstoppt waren, war eng Stopp vun der Resistenz fir Liewensmëttelen an eng heemlech Versammlungsplaz. D'Koppel huet sech ëm d'Versuerge vun de Refraktäre mat Liewensmëttel a frëscher Wäsch gekëmmert.
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (1990)- Croix du Chevalier du mérite et dévouement français (1972)
Fir u si z'erënneren, gouf zu Nidderkuer eng nei Strooss no hir genannt.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Rue Barbe Stiefer-Philippe. rues-au-feminin.lu, nogekuckt: 09.10.2025.
- ↑ Lag op geoportail.lu.

