Aloyse Sandt
Ausgesinn
| Aloyse Sandt | |
|---|---|
| Gebuer |
2. Juni 1902 Bech-Maacher |
| Gestuerwen |
25. Februar 1944 SS-Sonderlager Hinzert |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzler |
|
| |

Den Aloyse Sandt, gebuer den 2. Juni 1902 zu Bech-Maacher, a gestuerwen de 25. Februar 1944 am KZ Hinzert, war e lëtzebuergesche Resistenzler.[1]
Hien huet am Zweete Weltkrich gehollef, Leit virun den Däitschen ze verstoppen oder ausser Land ze bréngen. Duerch e Verrot gouf hie festgeholl a koum op Hinzert.[2]
Do ass hien zesumme mat 22 anere Persounen erschoss ginn.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Bech-Maacher eng Strooss, déi fréier Wëttelsgaass, no him genannt.[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Sandt Aloyse. ons-jongen-ons-meedercher.lu (nogekuckt: 09.02.2026).
- ↑ Ons nationalhelden: Dem Aloyse SANDT vu Bech-Mâcher zur erënnerong op sein 2. do’desdag. In: D’Unio’n, 3. Jg., nº 44 (22.02.1946), p. 2. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ L-5404 ; Lokalisatioun op geoportail.lu.

