close
Op den Inhalt sprangen

Marcel Oberweis

Vu Wikipedia
Marcel Oberweis
BERJAYA
Gebuer 9. Abrëll 1949
Diddeleng
Alter 77 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei CSV
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot
Famill
Kanner Nathalie Oberweis
BERJAYA

De Marcel Oberweis, gebuer den 9. Abrëll 1949 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur an CSV-Politiker.[1]

Hien ass 1968 an d'CSV agetrueden,[2] wou hie sech an den éischte Joren haaptsächlech bei der Parteijugend engagéiert huet. Hei huet sech zemools fir eng besser Politik am Domän vun de Mënscherechter agesat, virun allem an deene Länner, déi deemools massiv ënnert der Kolonialzäit ze leiden haten. Dëst Theema sollt hien a sengem spéideren Liewe weider begleeden.[3]

De Marcel Oberweis huet den akadeemeschen Titel "Prof. Dr.- Ing". Hien huet vun 1979 bis 2004 Ëmweltwëssenschaften an Energiewirtschaft um Institut supérieur de technologie a méi spéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg ënnerriicht. Hie publizéiert reegelméisseg am Luxemburger Wort Artikelen iwwer déi komplex Zesummenhäng vun der Globaliséierung. Zenter 2003 bedeelegt hie sech un humanitären Aktiounen a Bosnien-Herzegowina, um Balkan an am Burkina Faso mat der Associatioun Chrëschte mam Sahel.[4]

Hien ass zanter dem 3. August 2004 Deputéierten aus dem Walbezierk Zentrum an der Chamber, wuer hien 2009 an 2013 erëmgewielt gouf. Op internationalem Plang ass hie Member vum Benelux-Parlament, wou hien de Vizepresident vun der Lëtzebuerger Delegatioun ass. Aktuell ass hie Vizepresident vun der parlamentarescher Kulturkommissioun, an där hien och schonn an der viregter Legislaturperiod (2009-2013) aktiv war.[5] Fir d'Chamberwalen 2018 huet hien net méi kandidéiert.[6]

Hien ass zanter dem 1. Januar 1994 Conseiller an der Gemeng Steesel. No de Walen 2011, wéi d'CSV eng Koalitioun mat der LSAP gemaach huet, gouf hien zum 1. Schäffe vun der Gemeng ernannt. Den 31. Dezember 2016 ass hie vun där Plaz zeréckgetrueden, a vum Jean Rossy ersat ginn.[7]

De Marcel Oberweis ass bestuet a Papp vun 2 erwuessenen Duechteren, dorënner d'Nathalie Oberweis.

BERJAYA  Commons: Marcel Oberweis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. " Paperjam Guide - Marcel Oberweis " Archivéiert den 11.10.2017. Gekuckt den 12.02.2017.
  2. " Offiziell Internet Presenz - Marcel Oberweis " Archivéiert de 05.01.2017. Gekuckt den 11.02.2017.
  3. " Interview Paperjam Marcel Oberweis " Archivéiert de 24.09.2016. Gekuckt den 12.02.2017.
  4. " CSV Députéiert - Marcel Oberweis " Archivéiert den 08.01.2017. Gekuckt den 12.02.2017.
  5. " Chambre des députés – Marcel Oberweis "
  6. "Marcel Oberweis geet net méi mat an d'Chamberwahlen." rtl.lu, 05.01.2018, 15:03:19.
  7. " Marcel Oberweis will kürzer treten " Archivéiert den 08.12.2016. Gekuckt den 12.02.2017.
  8. Ministère de la Culture PROMOTION 2004 DANS LES ORDRES NATIONAUX