Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.257 Artikelen an 138 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
- … dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
- … den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
- … Rio de Janeiro iertemlech no engem „Januar-Floss“ genannt gouf, deen et awer net gëtt?
Artikel vun der Woch

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.
Virun 1860 hat d'Chamber keng gereegelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweeder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt. An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.
De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer... > méi

Op engem 13. Mee

- 1717: Gebuert vun der Maria Theresia, Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnigin vun Ungarn a Béimen.
- 1814: Déi franséisch Garnisoun verléisst d'Festung Lëtzebuerg, an d'Plaz kënnt en Hessescht Regiment.
- 1840: De franséische Schrëftsteller Alphonse Daudet kënnt op d'Welt.
- 1882: De franséische Moler Georges Braque gëtt gebuer.
- 1907: Gebuert vun der brittescher Schrëftstellerin Daphne du Maurier.
- 1930: Doud vum norwegesche Fuerscher a Friddensnobelpräisdréier Fridtjof Nansen.
- 1961: Den US-amerikanesche Schauspiller Gary Cooper stierft.
- 1988: Doud vum US-amerikanesche Museker Chet Baker.
Kierzlech Verstuerwen

- 3. Mee: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin
- 1. Mee: Gust Stefanetti, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 30. Abrëll: Georg Baselitz, däitsch-éisträichesche Moler a Sculpteur.
- 17. Abrëll: Nathalie Baye, franséisch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Mario Adorf, däitsche Schauspiller an Auteur.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

