close
Op den Inhalt sprangen

Rëpp

Vu Wikipedia
BERJAYA
Eng mënschlech Rëpp.
BERJAYA
De mënschleche Broschtkuerf vu vir.

Eng Rëpp (lat.: costa, gr.: pleura; Méizuel: Rëppen oder Rëpper) ass eng schmuel Schank am Kierper vun de Wierbeldéieren. D'Rëpper sinn Deeler vum Broschtkuerf (Thorax) an ënnerschiddlech laang an ënnerschiddlech vill gebéit. Si si mat de Wierbele vun der Wierbelsail verbonnen. Op der Säit vun der Broscht kënne si direkt oder indirekt mam Broschtbeen (Sternum) verbonne sinn.

De Mënsch huet 24 Rëpper, 12 op all Säit. Hënn, Kazen an Déieren, déi idderzen, hunn 13 Rëpper, Päerd hunn der 18.[1] All Rëpp besteet aus der eigentlecher Schank (os costale) an engem Stéck Knorpel (cartilago costalis). De Raum tëscht de Rëpper gëtt Interkostalraum oder Tëscherëpperaum genannt an zum Deel vun de Muskelen ausgefëllt.[2]

Eng Fraktur vun der Rëpp ka staark Péng verursaachen, besonnesch beim Duerchootmen.[3]

BERJAYA  Commons: Rëpper – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Flexikon: Rippe (Veterinärmedizin)
  2. DocCheck Flexikon: Rippe
  3. MDS Manual: Rippenfrakturen vum Thomas G. Weiser (2022)