close
Op den Inhalt sprangen

Dryaden

Vu Wikipedia
BERJAYA Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
BERJAYA
The Dryad, Evelyn De Morgan (British, 1850-1919)

D'Dryade sinn an der griichescher Mythologie d'Nymphen déi an de Beem gelieft hunn. Genee geholl d'Nymphe vun den Eechen (gr. dryas fir Eech, vun der indoeuropäescher Wuerzel derew(o) fir Bam oder Holz), mä de Begrëff ass fir all Bamnymphen iwwerholl ginn. Hiert Schicksal war enk mat dem Bam an deem si gelieft hu verbonnen.

D'Hamadryade waren en Deel vun hirem Bam. Wann de Bam gestuerwen ass, ass och d'Nymph gestuerwen. Aus deem Grond hunn d'Dryaden an d'griichesch Gëtter all Stierflechen, deen engem Bam wéi gedoen huet, ouni d'Nymph virdrun unzeruffen, bestrooft.

BERJAYA  Commons: Dryaden – Biller, Videoen oder Audiodateien
BERJAYA Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.