Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.690 Artikelen an 118 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Schengener Ofkommes um Schëff MS Princesse Marie-Astrid 2 ënnerschriwwe gouf, dat dono, als MS Regensburg, op der Donau ënnerwee war?
- … de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?
- … 2001 fir de Film Secret Passage zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu Venedeg am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?
- … bei der Schluecht vu Salamis enger vun de gréisste Séischluechten an der griichescher Antiquitéit, Athen ënner dem Themistokles d'Flott vum Xerxes I. vu Persien verdriwwen huet?
- … de Menhir vu Recken joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?
Artikel vun der Woch

De Fluchhafe Lëtzebuerg, offiziell: Aéroport de Luxembourg, läit um Findel ronn 7 km nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Sandweiler, Nidderaanwen a Lëtzebuerg. De Begrëff Findel gëtt dann och dacks als Metonymie fir de Fluchhafe gebraucht.
D'Bedreiwergesellschafte vum Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel sinn d'Luxairport, eng Société anonyme, déi zu 100 % dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, an d'Administration de la navigation aérienne (ANA), déi dem Nohaltegkeetsministère ënnerstallt ass.
Mat senge 4,88 % vum PIB (2014) zielt en zu engem wichtege Faktor vun der Ekonomie am Land. En ass d'Heemechtsbase vun der Luxair, der Cargolux, der Luxembourg Air Rescue an der Luxaviation.
D'Haaptpassagéierinfrastruktur besteet aus zwou Aerogaren, mat enger Capacitéit vun am Ganzen 3,6 Millioune Passagéier am Joer... > méi

Op engem 7. August
- 1867: Gebuert vum däitsche Moler Emil Nolde.
- 1876: Déi hollännesch Dänzerin a Spiounin Mata Hari kënnt op d'Welt.

Elionor Ostrom - 1900: Doud vum lëtzebuergesch-belsch-franséischen Ingenieur an Erfinder Étienne Lenoir.
- 1933: Déi US-amerikanesch Politologin an Ekonomistin Elinor Ostrom gëtt gebuer.
- 1961: De Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg gëtt duerch e Gesetz geschaf, fir de Kierchbierg urbanistesch z'erschléissen.
- 1965: Neit Biergerrecht an den USA, dat och de Schwaarzen d'Walrecht garantéiert.
- 1999: D'Regierung Juncker-Polfer gëtt vereedegt.
- 1999: Déi lëtzebuergesch Politikerin an Anti-Atomkraaft-Aktivistin Élisabeth Kox-Risch stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 11. Juli: Marco Barnig, lëtzebuergeschen Ingenieur.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

